Changement am Comité administrativ

 

Mat Bedaueren huet de Conseil administrativ missen zur Kenntnis huelen dass de Romain DEBRAS seng Demissioun als President vun der AMET matgedeelt huet an dat aus perséinleche Grënn.

D'AMET seet dem Romain villmools Merci fir säin Asaatz deen hien bewisen huet an ass frou, dass hien als aktive Member a Vertrieder vum LTA dem Comité administrativ erhale bleift.


Dorops hinn huet de Gérard BETHKE LLJ, aktuelle Vizepresident vun der AMET seng Kandidatur fir dee Poste gestallt. Et sollt awer och e neie Vizepresident seng Kandidatur stellen. An der Persoun vum Mike Zawidzki LAM gouf d'Kandidatur fir dëse Posten och gestallt.


Un Hand vu Wahle goufen di zwee unanim vum Comité administrativ fir di zwee Posten ugeholl.

Di nei Opstellung vum Comité fannt dir hei um Site.

 


Association des Maîtres

d'Enseignement  a.s.b.l.

affiliée à la 

Impressum